De Büro vun der EU-Deputéiert Tilly Metz rekrutéiert:

 

En*g Lokal-Assistent*in (CDI / Vollzäit)

 

Wat?        CDI (6 Méint Proufzäit)

Wou?       Lokale Büro, Lëtzebuerg

Wéini?    Deadline fir sech ze mellen: 16. Juli 2021

Jobstart: Idealerweis ab 1. September 2021

 

Den Job 

Als Lokalassistent*in suivéiers du d’lëtzebuergesch Politik an Aktualitéit genau. Du méchs de Lien tëscht der Europadeputéiert a Lëtzebuerg, a bass d’Kontaktpersoun mat Bierger*innen, der grénger Fraktioun a Partei, Associatiounen, Autoritéiten an der Presse. Du organiséiers Eventer, Reuniounen a Pressekonferenzen zu Lëtzebuerg.

 

Däi Profil

Du hues…

* e Studium an der Politik, dem Journalismus, der Kommunikatioun oder engem änleche Fach

* mindestens eng éischt gelonge Berufserfahrung

* Interessi fir Presseaarbecht a Kommunikatioun

* eng gutt « Capacité de synthèse «

* Sproochekenntnisser: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch an Englesch

* Loscht dech anzebréngen a gréng Iddien a Wäerter ëmzesetzen, kanns eegestänneg an autonom schaffen, hues Teamgeescht

 

Da freeën ech mech fir dech kennenzeléieren!

 

Schéck deng Kandidatur bis de 16. Juli 2021 eran. Fëll dofir w.e.g. de Formulaire (hei drënner) aus a schéck e mat „Kandidatur LOKALASSISTENT*IN“ als Sujet vum Mail un: linda.gaasch@ep.europa.eu. Mir berécksichtegen nëmme Kandidaturen, déi iwwert dëse Wee erakommen.  

Kandidatur_LA_Formulaire

D’Virstellungsgespréicher fanne viraussiichtlech den 22/07/2021 an den 23/07/2021 an der grénger Fraktioun (4, rue du Saint Esprit L-1475 Luxembourg) statt, a beinhalten nieft engem Gespréich och ee geschriwwene Kompetenztest.

 

All d'Aktualitéit

IWWERT MECH

Tilly Metz »

Kontakt

Meng Ekipp